
© pexels.com
Honnerten Tablette Schockela, Knippercher, Noss-Nougat-Crème a villes méi!
Déi Séissegkeete konnten elo ënnert dem Rack vun enger Fra zu Braunschweig séchergestallt ginn.
Déi hat nämlech probéiert, d’Kaloriëbommen ënnert hirem Kleedungsstéck ze klauen. Awer domat war et net genuch!
Am Auto vun der Komplizin konnten nach weider 50 Kilo Schockela fonnt ginn.
Informatioune vun der Police no hat Déiwin de Schockela ënnert e puer Kleedungschichten ënnert hirem Rack verstoppt.
Ob déi 35 Joer al Fra einfach immens frou mat Schockela ass oder ob si dee wollt weider verkafen ass net bekannt.