
© https://www.ohlala.co/ohlala-x-bloody-good-period
Macarons déi wei Tamponen ausgesinn? Wann ee sech dat virstellt wäerte vill Leit den éischte Moment wuel komesch kucken.
Awer genau dat gëtt et elo! Wou? Zu London!
D’Luxus-Patisserie “Ohlala” verkeeft dat klengt Gebäck dat mat kënschtlechem, iessbare Blutt iwwerzunn ass. Mee woufir soll dat gutt sinn?
D’Patisserie wëll mat der Aktioun een Zeeche setzen.
Dausende Meedercher aus Groussbritannien ginn net an d’Schoul während si hir Period hunn, well si kee Geld hu fir sech Tamponen oder Binden ze kafen.
Dat huet elo eng Ëmfro erausfonnt. Mat deenen neie Macarons sammelt d’Patisserie fir déi Meedercher a Fraen elo Geld.
Bei engem Präis vun 28 Euro gi ronn 12 Euro un d’Organisatioun “Bloody Good Period”. Déi versuergt all Mount ronn 1 000 Frae mat Hygiènesartikelen.
Klickt hei fir op d’Website vun der Patisserië ze kommen