An hei?!Kino an Neiséiland verbitt Pyjama

Am Pyjama ee Film am Kino genéissen? Net a Neiséiland!

Leschten Update: 01.05.2018, 09:44:49

Am Pyjama an de Kino goen, dat géifen sech déi meescht Leit wahrscheinlech net trauen. An Neiséiland gesäit dat awer ganz anescht aus. Well hei ze vill Leit am gemittleche 'Nuetsdress', Buedmantel oder dreckege Stiwwelen e Film wollte kucke kommen huet ee Kino déi Kleedungsstécker elo kuerzerhand verbueden.

Sou ee Kleedungs-Stil géif der Atmosphär vum “Hawera”-Kino net entspriechen, sou d’Managerin Kirsty Bourke.

Firwat d'Leit iwwerhaapt op d’Iddi kommen am Pyjama an de Kino ze goe bleift onkloer.



© https://www.facebook.com/HaweraCinema/?hc_ref=ARQVEAUJ5_6qlZInNi8Xrg2b_BbmYxev4UJ2c1lCR3b7uQh6g1fAkjgmbuyvpnxNdDo&fref=nf