An hei?!Onbekannter planze Bam viru Radar

A Rheinland-Pfalz hunn Onbekannter eng 2 Meter héich Dänn virun e Radar geplanzt.

Leschten Update: 29.04.2018, 11:56:07

© Polizei Bitburg

Net méi geblëtzt gi, wann een ze séier ënnerwee ass? Genau dat wollten elo Onbekannter a Rheinland-Pfalz erreechen.
Si hu kuerzerhand eng 2 Meter héich Dänn virun e Radar geplanzt, sou, dass all Blëtz-Fotoen onbrauchbar sinn.
An Tëschenzäit ass de Bam nees fort, wéi en dohi komm ass bleift weiderhin onbekannt. 
Op all Fall hunn déi Onbekannt hiert Zil deelweis erreecht. Sou heescht et, dass am Zäitraum an deem d'Dänn do stoung all Miessungen onbrauchbar waren.