
Wéi d'Police-Beamten vu Bühl den Telefon an der Noutruffzentral opgehuewen hunn, huet um aneren Enn vun der Leitung just een an den Apparat gekrasch. Ier d'Beamten e Gespréich konnte lancéieren, hat de Jong schonn erëm agehaangen. Well d'Poliziste vum Schlëmmsten ausgange sinn, sinn se ouni ze zecken op déi enregistréiert Adress gefuer.
Do ukomm hunn d'Beamten net schlecht gestaunt. Den 10 Joer ale Jong deen se ugeruff hat war esou mat sengen Hausaufgaben iwwerfuerdert dat hien sech net méi ze hëllefe wousst.
Ob d’Beamten dem verzweiwelte Schüler hëllefe konnten, an ëm wéi eng Hausaufgaben et sech gehandelt huet, ass net bekannt.