An hei?!Déif wéinst Selfie mat geklautem Handy iwwerfouert

Well zwee 13-järeger zu Essen mat engem geklauten Handy Selfie gemaach hunn, konnt d'Police si mat engem Iwwerfall vu virun 3 Wochen a Relatioun bréngen.

Leschten Update: 02.06.2018, 08:54:00

Wéi d'Police de Méindeg matgedeelt huet, koum d'Police 2 Déif op éischter ongewéinlechem Wee op d'Spur. Déi 2 haten nämlech Selfië mat engem geklauten Handy gemaach. Déi eeler Fra, där den Handy gehéiert huet krut dës Fotoen awer ëmmer erëm op hir Cloud geschéckt.

A mat deene Fotoe konnten déi 2 dunn iwwerfouert ginn.

Si gi verdächtegt den 10. Abrëll der Fra hir Posch vun hirem Vëlo geklaut ze hunn an sech du mam Portmonnie a mam Handy duerch d'Bascht gemaach ze hunn. Déi 70 Joer al Fra konnt déi 2 Déif och an der Tëschenzäit identifizéieren.