
© youtube screenshot
De Chauffer vun engem Tesla war a Groussbritannien op der Autobunn ënnerwee. Allerdéngs net op der Chaufferssäit, nee, de Brit souz gemittlech um Bäifuerersëtz, an huet dem Auto déi komplett Kontroll iwwerlooss. Dat ganzt géif een op engem Video gesinn, heescht et vun der Police vun Hertfordshire an enger Matdeelung.
Deemno huet de Mann ganz op den Autopilot vertraut an um Bäifuerersëtz anscheinend och een Tëmpche gehalen, wärend säin E-Auto mat 65 km/h op der Strooss ënnerwee war. Aenzeien no soll et zu deem Moment vill Verkéier ginn hunn.
Den 39-järege Mann aus Nottingham huet zouginn dass et domm war, dat gemaach ze hunn, säin Auto wier zu "Erstaunlechem" fäeg an et wier onglécklech gewiescht dat hien erwëscht gouf. D'Police fënnt säi Verhalen irresponsabel. Hien hätt net nëmmen säin eegent Liewe riskéiert, mä och dat vun aneren onschëllege Mënschen.
De Mann muss säi Führerschäi fir 18 Méint ofginn, 100 Sozialstonne leeschten, ee Reha-Cours besichen an et gëtt och eng Geldstrof.