An hei?!Bei rout iwwert d'Strooss, da gëss de naass!

China geet elo géint Leit vir, déi bei rout iwwer d'Strooss ginn.

Leschten Update: 04.05.2018, 07:43:29

© https://www.pexels.com/de/foto/ampel-architektur-brucke-draussen-787667/

Bei Rout iwwer d'Strooss lafen ass zwar verbueden, mee vill Leit maachen et awer.
Genau dogéint wëll China elo virgoen!
An der Staat Daye sinn un de roude Luuchte riseg Waasserpistoulen installéiert ginn, déi d’Leit, déi bei rout iwwer d’Strooss ginn, mat Waasser besprutzen.

Videoopname weisen elo, dat déi éischter aussergewéinlech Moossnam déi gewollte Wierkung huet.
Bal keng Foussgänger gi méi iwwer d’Strooss, wann d’Luucht op Rout steet.

Wann een also net well, datt seng Box naass gëtt, da bleift ee villäicht léiwer bei Rout stoen.