
© Screenshot Instagram
No 32 Sëtzungen a ganzen 90 Stonnen war et esou wäit: De Maurício dos Anjos huet sech säin Dram erfëllt a sech den Trikot vu sengem Liiblingsveräin, dem Flamengo Rio de Janeiro, tätowéiere gelooss.
En klengen Tattoo ass dem Fussballfan net duer gaangen, hien huet 40% vu sengem Kierper dem Veräin gewidmet.
An wien sech elo freet, wat de Spaass kascht huet: Dat Ganzt gouf et zum Schnäppchenpräis vun nëmmen 190 Euro.
Elo bleift just nach ze hoffen, dass de Brasilianer net iergendwann en aneren Veräin unhimmelt...
#IncreiblePeroCierto: Un fanático brasileño llamado Mauricio Dos Anjos se tatuó casi todo su cuerpo, el famoso uniforme del club Flamingo para apoyar a su equipo en los partidos tanto como local y visitante. Qué tal. Foto cortesía de @VICEBRASIL. 😱⚽️👏🇧🇷 pic.twitter.com/PFs8axDNOF
— Rafael J. Chacín M. (@elrafucho93) April 27, 2018