
© Eldoradio
Den 13. Juli ass déi éischt Visitt vum US-President Donald Trump a Groussbritannien.
Et ass awer net jidderee vun dësem Besuch begeeschtert. Schonn elo kënnt et zu Masseprotester a Campagnen géint de President.
Eng méi speziell Anti-Trump-Initiativ soll elo d’Lidd "American Idiot" un d’Spëtzt vun den UK Download-Charts bréngen.
D’Bedreiwer vum fréieren Site trumpidiot hunn dës Iddi lancéiert. Fir den Fokus vun der genereller Kritik um President, méi op den konkreten Besuch vum Trump ze zéien, gouf den Site och elo ëmbenannt an Get American Idiot to No.1 for Trump's State Visit.
An et schéngt ewéi wann et e Succès kéint ginn: Op Facebook gouf d’Campagne scho vu ronn 20.000 Mënschen gedeelt.