An hei?!Brad Pitt neie Wiederfräsch!

Fight Club war gëschter! De Brad Pitt moderéiert elo d'Wieder.

Leschten Update: 03.05.2018, 10:32:55

© https://www.flickr.com/photos/dodnewsfeatures/15408880210

An der Comedyserie “The Jim Jefferies Show” ass de Brad Pritt erëm opgetrueden, fir d’Wieder ze moderéieren.

An engem bronge Kostüm an enger dozou méi oder manner passender Krawatt wëll, hie mat sengem Optrëtt virun allem op d’Problemer vum Klimawandel opmierksam maachen.


Mat Sätz ewéi “D’Sonn schéngt am Westen, Süden an am Osten, an hei am Norde schmëlzen d’Eiskappen” probéiert de Schauspiller, mat Humor dem Publikum d’Problematik méi no ze bréngen. De Brad Pitt ass zënter Joren Ëmweltaktivist. Als Wiederfräsch huet hie scho leschte Summer an der selwechter Comedyserie d’Klimapolitik vum Donald Trump mat Wierder ewéi “Et gëtt keng Zukunft” kritiséiert.