An hei?!Frankräich seet Telegramm Äddi

No 139 Joer gouf elo dee leschte Message via Telegramm a Frankräich verschéckt.

Leschten Update: 03.05.2018, 10:32:57

© Orange Tweet

„E Kapitel vun der Telekom-Geschicht ass fäerdeg – STOP“ - dëst war en Deel vum leschten Text, ier den Telekommunikatiounsriis Orange d'Enn vun dësem Kommunikatiounssystem gemellt huet, dat e bësse méi modern via Twitter.





Ganz vill gouf de System och net méi genotzt an awer goufen am Abrëll nach ronn 1'400 Telegrammer verschéckt.

An Däitschland gëtt den Déngscht vun der Deutsche Post weider ugebueden, deen ass awer par Rapport zu engem Whats-App-Message relativ deier: En Telegramm mat 160 Zeechen ass vun 12,90 Euro un ze hunn.