An hei?!Kach schléit Client wéinst Reklamatioun

Wiem d'Iessen net schmaacht, dee muss mat Streech rechnen...

Leschten Update: 03.05.2018, 16:57:13

© https://www.pexels.com/de/foto/anzug-drinnen-fashion-hande-652348/

War dir schonn eng Kéier an ee Restaurant an d’Iessen huet iech net geschmaacht?
Genee dat ass elo engem 29 Joer ale Mann zu Hessen geschitt. Seng bestallte Pizza war net esou ewéi hien sech déi virgestallt huet, an huet sech doropshin beim Kach beschweiert.

Dee war vun der Kritik u senger Kachkonscht net begeeschtert an huet de Mann kuerzerhand mat der Fauscht op de Kapp geschloen. De Client misst wéinst de Blessuren an d’Klinik gefouert ginn, an de Kach muss sech elo wéinst Kierperverletzung veräntwerten.

Et kann ebe net jidderee mat Kritik ëmgoen.