An hei?!Neiséiland wëll net méi op Weltkaarte vergiess ginn

D'UNO huet et anscheinend gemaach, an IKEA och: Neiséiland einfach vergiess. Den Inselstaat wëll op Weltkaarten net méi feelen a start eng Campagne.

Leschten Update: 04.05.2018, 06:07:32

© AFP/Archiv/Marty Melville

Neiséiland huet eng Campagne gestart, fir op Welt-Kaarten net méi vergiess ze ginn. D’Aktioun gëtt och vun der neiséilännescher Premierministesch Jacinda Ardern ënnerstëtzt. Ëmmer nees kënnt et nämlech vir, dass Neiséiland op Kaarte feelt, obwuel d’Fläch ëmmerhinn méi grouss ass wéi déi vu Groussbritannien. Ob d’Aktioun ënnert dem Internet-Hashtag #getNZonthemap Succès huet, wäert sech deemno nach weisen.