An hei?!Auto hänkt an der Loft, mä wisou ?!

Am kanadeschen Toronto hunn d’Leit elo net schlecht gestaunt, ewéi een Auto einfach esou an der Loft houng.

Leschten Update: 07.05.2018, 11:10:39

© https://www.pexels.com/de/foto/strasse-wald-baume-auto-105032/

Normalerweis gesäit een Autoen op der Strooss oder op engem Parking. Zu Toronto konnt d'Police awer elo bal hiren Ae net trauen. Mat zwee Pneuen houng hei een Auto iwwer hire Käpp an enger Stroumleitung. D’Beamte goungen als éischt dovun aus, datt den Auto zu enger Filmkuliss gehéiere géif.

Kuerz drop hunn si awer erausfonnt, datt et fir dës Plaz iwwerhaapt keng Film-Autorisatioun gouf. An de sozialen Netzwierker hunn sech séier déi kuriéist Theorien entwéckelt, ewéi den Auto dohi komm ass.

Ënner anerem gouf ugeholl, datt et sech ëm eng Aktioun vun enger verstoppter Kamera géif handelen oder datt Alien eppes domat ze dinn hunn.

Ewéi a firwat, datt den Auto elo schlussendlech an der Loft houng,  ass nach ëmmer net bekannt.





Wat mengt dir, ewéi ass den Auto an déi ongewéinlech Positioun komm?