An hei?!Fluchpassagéier muss wéinst ze laangem Numm extra bezuelen

Wéint sengem extrem laange Numm huet e Mann um Fluchhafen beim Guichet vun Thai Airways nach 79 Euro nobezuele missen.

Leschten Update: 07.05.2018, 16:07:07

© CHRISTOPHE ARCHAMBAULT / AFP

Komesche Virfall op engem Fluchhafen beim Guichet vun Thai Airways: do huet e Mann nämlech misse eng zousätzlech Taxe vun 79 Euro bezuelen well säin Numm ze laang war, an net ganz op den Ticket gepasst hätt.

Dat hätt dozou gefouert dat Mataarbechter de Mann dorop higewisen hätten, dat säi Numm net de selwechten wier, wéi deen um Ticket.

Wéi et heescht war d'Internetsäit op 25 Zeeche limitéiert gewiescht an dowéinst konnt de Mann net säi kompletten Numm aginn.

Thai Airways huet sech awer fir dëse Virfall entschëllegt an huet erklärt dem Mann d'Suen zeréck ze bezuelen. Donieft huet d'Fluchlinn ugekënnegt, méi kloer Critèren op d'Säit ze setzen fir sou Virfäll an Zukunft ze verhënneren.