
© Pexels
De jonken Här hat wuel e bëssen ze vill gedronk, wéi hie vun der Police matgeholl gouf.
En huet sech schlussendlech am Police-Auto iwwerginn.
Dëst war dem Schüler awer esou desagreabel, dass hie sech per Mail bei der Police entschëllegt huet.
Hei betount de Schüler ewéi penibel him déi ganz Geschicht ass an datt hie vollste Respekt virun de Polizisten an hirer Aarbecht huet.
D’ Police ass vun der Excuse beandrockt a post déi op Facebook mat ,,Thumbs up”.
Elo bleift just nach ze hoffen, dat de Bouf d’nächste Kéier e bëssen méi lues mécht mam Alkohol!