An hei?!Project Trumpmore

Den Trump gëtt op d'Äis geluecht...

Leschten Update: 07.05.2018, 11:02:36

Bis elo huet d’Thema Klimawandel den US-Amerikanesche President kal gelooss, elo wëlle finnesch Ëmweltaktivisten him d’An opmaachen. An dat mat enger wuertwiertlech cooler Aktioun.

Fir eng hallef Millioun Euro soll dem Trump säi Gesiicht an ee risegen Äisbierg gemeesselt ginn. De But vun dëser skurriller Iddi ass ze beweisen dass de Klimawandel reell ass. Spéitstens wann säi Gesiicht ufänkt mat schmëlze misst de President, dee säi Gesiicht jo am léifsten um Mount Rushmore wéilt gesinn, zouginn dass Äerderwiermung keng Ligen ass. Dat erhoffen sech op alle Fall d’Organisateure vum Project Trumpmore.

Sollt de Projet finanzéiert a realiséiert ginn, kann een iwwert e Live-Stream weltwäit materliewe wéi laang d’Monument bestoe bleift.

Kuckt Iech hei den Trailer un!