An hei?!Sinn iwwer 6.400 Euro Drénkgeld ze vill?

An der Schwäiz huet eng Fra, duerch ee klenge Feeler, e generéist Drénkgeld vun iwwer 6.400 Euro ginn.

Leschten Update: 09.05.2018, 12:34:57

© Pexels

De Besëtzer vun engem Imbiss an der Schwäiz huet wuel net schlecht gestaunt, ewéi hie gesinn huet, dat hie vun enger Fra fir bësse Kaffi a Kuch iwwer 6.400 Euro Drénkgeld krut. Wahrscheinlech war d'Fra selwer genau esou schockéiert, wei si hier Kreditkaarterechnung gesinn huet. Et war nämlech alles nëmmen ee Feeler. Déi 37-järeg Fra hat onabsichtlech anstatt den Drénkgeldbetrag, hire PIN Code aginn, an esou goufen déi 7686 Schwäizer Frang vun hirer Kaart ofgebucht.

Wéi de Mëssverständnes dunn opgekläert gouf, an d’Fra hier Suen erëm zréck wollt, stellt dëst sech als extrem schwéier eraus. Well et sech weder em e Fall vu Bedruch handelt, nach vun enger anerer Strofdot, konnt weder Kreditkaartefirma, nach d'Police weiderhëllefen.

Esou huet Fra de Bedreiwer vum Imbiss kontaktéiert an him d’Situatioun erkläert. De Mann huet verständnisvoll reagéiert a versprach d’Suen erëm zréckzebezuelen. Mee d’Suen sinn ni bei der Fra ukomm, och op Nofroen huet den Här net méi reagéiert. Mëttlerweil huet d’Firma souguer Insolvenz ugemellt, et schéngt also net ewéi wann d’Fra hier Suen erëm zréck géif kréien.




Elo bleift just nach ze hoffen, dat si aus hirem Feeler geleiert huet an nächste Kéier besser oppasst. Wann si iwwerhaapt erëm eng Kéier Drénkgeld gëtt...