
© Pexels
E Stonnen-, Minutten- a Sekonnenzieler, esou kenne mir eis Wandaueren. Dëst soll awer elo an de Schoulen a Groussbritannien geännert ginn, well d’Schüler net méi capabel sinn, d’Auer richteg ze liesen.
Virun allem a Prüfunge kann dëst zu Problemer féieren, wann d’Kanner d’Zäit falsch aschätzen an dann an extrem Stresssituatioune kommen.
Och an Amerika ass d’Problematik schonn ugeschwat ginn, ënnert anerem vum Jimmy Kimmel.
A senger Show huet hie Kanner gefrot, eng analog Auer ze liesen an tatsächlech konnt just 1 Kand d’Aufgab richteg léisen.
Beweist dat net alt nees wéi déi nei Generatioun un déi digital Welt gewinnt ass?