An hei?!264.000 Euro an der Poubelle fonnt

Hausmeeschter fënnt a Fluchhafepoubelle 7 Goldbarren am Wäert vun ëm déi 264.000 Euro.

Leschten Update: 14.05.2018, 10:47:38

© Pexels

Um Fluchhafen Incheon zu Seoul, huet en anonymen Hausmeeschter beim propper maache vun de Poubellen 7 Goldbarren déi an Zeitungspabeier agewéckelt waren mat engem Wäert vun ëm déi 264.000 Euro fonnt.

Den éierleche Mann huet dëst direkt der Police gemellt, déi sech op d’Sich nom rechtméissege Besëtzer gemaach hunn. De Besëtzer ass e koreanesche Geschäftsmann, deen eigentlech d’Goldbarren duerch den Zoll schmuggele wollt. Hie krut awer kal Féiss a wollt d’Goldbarren dann an der Poubelle verstoppen.

De Geschäftsmann huet elo 6 Méint Zäit fir dech bei der Police ze mellen a seng Goldbarren zeréck ze kréien. Dëst heescht awer dann och, dat hien se nodréiglech verzolle misst. Sollt de Besëtzer sech net mellen, dierf den Hausmeeschter d'Suen halen. Mee souguer falls de koreanesche Geschäftsmann sollt säi Besetz zeréck wëllen, géif den Hausmeeschter nach ëmmer eng Belounung kréien, dëst géif dann tëscht 5 an 20 Prozent leien.

Elo kann ee just nach hoffen, dat et sech net em geklaute Goldbarren handelt. An dësem Fall géifen dëst nämlech vun der Police confisquéiert ginn, an den éierlechen Hausmeeschter géif näischt kréien...