
© Pexels
D’Studentin Leticia Chai, vun der amerikanescher Cornell University, huet d’Kritik vu senger Proff net gutt opgeholl, wéi déi am Virfeld vun der Ofschlossaarbecht gemengt huet d'Studentin wier onpassend ugedoen. Dozentin Rebekah Maggor hat der Studentin geroden, méi konservativ Kleedung bei esou enger wichteger Presentatioun unzedoen.
D’Leticia huet dëst awer net ubruecht fonnt an aus Protest bei der richteger Ofschlossaarbecht genee déi nämmlecht Shorts ugedoen. Wärend der Presentatioun huet d’Studentin dunn nach eng Schëpp dropgeluecht, a sech bis op d’Ënnerwäsch ausgedoen. Wärend d'Meedche feministesch Wäerter opzielt, fuerdert et seng Matschüler op, sech och auszedoen. 28 vu 44 Studente maache beim 'Protest Striptease' mat - deen ausserdeem an engem Facebook-Livestream ze gesinn ass.
D’Proff huet sech dono och zum Virfall geäussert, si behaapt et wär e Mëssverständnes gewiescht. Si wollt eigentlech just präziséiere wéi wichteg e professionellt Optrieden ass.
Ob et elo eng Trotzreaktioun war, oder d'Studentin en Zeeche wollt setzen, fir Opmierksamkeet huet et op alle Fall gesuergt!