
An der Nuecht vum Sonnden op e Méinden hunn eng Handvoll Wasserbüffel den Trafic op der Autobunn tëscht Langenfeld a Leverkusen gestéiert. Deiere waren owes aus hirer Wiss ausgebrach a kuerzerhand op d’Fuerbunn vun der A3 gelaf.
Wärend d'Police d‘Streck a béid Richtungen, mat Hëllef vun zwee Camionen déi op der Autobunn am Stau stoungen, gespaart huet, gouf de Leit geroden an hire Gefierer setzen ze bleiwen. Büffele gëllen zwar u sech als friddlech, sinn awer trotzdeem massiv Deiere mat geféierlechen Haaren.
Mat Policeautoen an engem improviséierte Käfeg sollten déi 5 Iwweltäter evakuéiert ginn. Dëst ass de Beamten awer net gelongen, sou dass d’Büffel-Famill schliisslech vun engem Veterinär huet missen ageschlof ginn. No enger opwenneger Rettungsaktioun mat engem Kran, enger sëllecher Unzuel vu Pompjeeën an engem Bauer goufen déi 5 schlussendlech zréck an d’Wiss transportéiert. E ganze Koup Mëscht an iwwer 10 Kilometer Stau hat sech bis dohin op der A3 ugesammelt.
Wasserbüffel auf der A3 zwischen Dreieck Langenfeld und Kreuz Leverkusen. Wie lange die Strecke voll gesperrt bleibt, ist noch unklar. pic.twitter.com/5vCImIDwNS
— WDR aktuell (@WDR) 14. Mai 2018