An hei?!Knëppelsteng als Äis fir den Apéro?

Mann aus Osweiler benotzt Knëppelsteng fir säi Gedrénks kal ze halen.

Leschten Update: 15.05.2018, 11:02:23

© Pexels

Wärend dem staarken Onwieder um Méinden Owend, ass et op vereenzelte Plazen erëm zu Knëppelsteng komm. Wärend déi meeschte Leit kee Frënd vun dësem Phänomen sinn, konnt e Mann aus Osweiler dovu profitéieren. Nom Stuerm hat hie sech kuerzerhand dozou entscheet e Glas voll Knëppelsteng ze sammelen, an dëst als Äis fir säi Campari-Orange ze benotzen.  

Am Video, deen och op Facebook gepost gouf, kann ee sech dës Cocktail Aktioun ukucken.

Kuckt Iech hei de Video un:


Do gesäit ee mol erëm, dat déi onméiglechste Saachen och kënne vun Notze sinn!