An hei?!Hond oder Penis?

Facebook hält e klenge Mupp fir d’Geschlechtsdeel vun engem Mann.

Leschten Update: 16.05.2018, 14:39:04

Iwwerglécklech iwwert säi frësch gebuerenen Hond wollt den Dominic Ibaos säin déiereschen Nowuess der Welt weisen. De Filter vu Facebook, deen drop oppasst dass net ze vill plakeg Haut a Gewalt um sozialen Netzwierk soll ze gesi sinn, huet dem Besëtzer awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.



Den Ausléiser vum Facebook-Block ass de klengen Dimitri, e mexikaneschen Nackthund dee ganz ouni Hoer op d’Welt komm ass. Ënnert der Iwwerschrëft "Papp trëfft Jong" wollt de Besëtzer säi ganze Stolz mat senger Community deelen an huet eng Foto gepost. Déi gouf awer kuerz drop vu Facebook fir obszön erkläert a kuerzerhand gespaart.

De Grond: de Filter hat gemengt en hätt et hei mat enger Foto vun engem männleche Geschlechtsdeel ze dinn. Dem Dominic war d’Zweedeitegkeet vum Bild net opgefall, huet sech nom éischte Schock vun der Zensur awer doriwwer ameséiert.