
© Pexels
Den 8. Mee gouf op engem Chantier zu Elweng e Rank, mat der Gravure ”MP LJ 22.6.63”, fonnt. D’Gemeng Schengen huet doropshin en Opruff op Facebook gestart fir d’Besëtzerin ze fannen. Eng sëllech Unzuel u Lëtzebuerger hunn dëse Post gedeelt an op en 'Happy End' fir de Bijou an d'Fra gehofft.
Gëschter koum dann déi glécklech Noriicht dat d’Besëtzerin fonnt ginn ass. Viru ganzer 25 Joer ass de Rank zu Elveng verluer gaangen, nëmmen duerch d'Hëllef vum sozialen Netzwierk, de Useren an der Gemeng Schengen, huet dësen dann elo säi Wee endlech erëm zréck bei déi rechtméisseg Besëtzerin fonnt.
Do kann ee wuel nëmme vu Gléck schwätzen!