An hei?!Eidele Supermarché

E Supermarché an Däitschland huet all d'Produiten aus dem Verkaf geholl, déi et ouni Béien net géife ginn.

Leschten Update: 17.05.2018, 15:28:54

© Pexels

Am Kader vun enger Naturschutz-Aktioun zu Hannover gëtt verdäitlecht, wéi wichteg Beien an eisem Alldag sinn. Dofir huet e Supermarché sech kuerzer Hand dozou entschloss, all d'Produiten, déi ouni Beien net méiglech wieren, iwwer Nuecht aus dem Sortiment ze huelen. Dëst huet dozou gefouert, datt ëm déi 60% vum Sortiment, also ongeféier 2.500 Produiten, aus de Regaler geholl goufen.

Déi ganz Aktioun huet verdäitlecht, datt net nëmmen Uebst a Geméiszorte betraff waren, mee och Produite wei ënnert anerem Kaffi, Deo, Séissegkeeten an Déifgefrueres. D’Regaler vum alkoholesche Gedrénks waren als eenzeg gréisstendeels net betraff.

Dem Supermarché war et wichteg, d’Leit op déi aktuell Situatioun vun de Beien opmierksam ze maachen. Dat ass hinnen duerch dëst Initiative och gutt gelongen. Et bleift ze hoffen, datt dat de Leit och bewosst gëtt an datt een op eis kleng schwaarz-giel Kollegen oppasse muss.