
© Pexels
Zu Baden-Wüttemberg gouf d’Police vun de Nopere geruff, déi en haarde Sträit aus der Wunneng niewendrun héieren haten. Wéi d’Police dunn op d’Plaz koum, huet sech eraus gestallt, datt et sech em e Sträit tëschent engem Mann an engem Papagei handelt.
De Mann hat mam Papagei vu senger Frëndin gemault, well dësen déi ganzen Zäite Kaméidi gemaach huet. De Vull huet sech dëst awer net gefale gelooss a mat haarde Geräischer geäntwert. Esou koum et dann zu dësem aussergewéinleche Sträit. D'Police huet gemellt, datt de Sträit tëschent den ongläiche Parteie gekläert konnt ginn.
Op d’Frëndin sech elo wuel muss tëschent sengem Frënd an dem Papagei entscheeden?