An hei?!Mann gewënnt zweemol an enger Woch am Lotto

Fir am Lotto ze gewanne muss ee ganz vill Chance hunn. Bei engem Australier war dat zweemol de Fall. An enger Woch.

Leschten Update: 18.05.2018, 05:58:31

© Pexels

Den Australier hat Méindes de 6. Mee déi éischte Kéier 642.639 Euro am Lotto gewonnen. Direkt déi nämmlecht Woch koum et zu engem 2. Gewënn vun 918.021 Euro. Am Ganzen ass de Mann also bannent enger Woch ëm 1.560.660 Euro méi räich ginn.

Den 40-järegen Australier konnt säi Gléck net gleewen, 2 mol an engem Liewen ze gewanne wier jo schonn onwahrscheinlech.

De Mann huet sech awer fest virgeholl, seng Sue virsiichteg auszeginn, esou wëll hien sech ënnert anerem en neit Haus an en neien Auto kafen. Eng Vakanz op Honolulu wier och geplangt.

Do kann ee wuel roueg vun eemolegem Gléck schwätzen!