An hei?!Afe-Sex um Kapp vun engem Tourist

Zu Bali an Indonesien, krut e Mann Besuch vun zwee Afen. Déi 2 sinn op seng Schëllere geklommen, an hu sech do ameséiert....

Leschten Update: 05.06.2018, 11:28:00

© Pixabay

Afe sinn Touriste-Magnéiter. Sou ass och eng Koppel zu Bali vun den Afen ugezu ginn. Wéi op ee mol zwee Afen op dem Mann seng Schëllere klamme fänkt seng Frëndin u mat filmen.

Déi 2 Afe fille sech anscheinend op de Schëlleren esou wuel, dass si do ufänke Sex ze hunn!
Natierlech huet seng Frëndin just gelaacht an näischt gesot, an den Tourist kritt dat Ganzt net wierklech mat, bis d’Afen no kuerzer Zäit nees verschwannen.
Réischt dono gëtt hie gewuer wat grad op sengem Kapp geschitt ass.

Kuckt iech hei de Video un!