An hei?!Happy End no 37 Joer

‘Wa mer mat 50 nach Single si bestuede mer eis’ – Aus engem Kandheets-Pakt gëtt Realitéit.

Leschten Update: 07.06.2018, 14:43:00

Dacks héiert een de Saz 'wann mer a sou vill Joer nach kee Partner hunn da bestuede mer eis einfach géigesäiteg'. Eescht ze huelen ass esou e Verspriechen awer éischter seelen, net esou beim Kimberley Dean a Ron Palmer.

Kennegeléiert haten sech déi zwee als Teenager an der Schoul, wou se sech och direkt anenee verléift haten. Wéi dat bei jonker Léift awer esou dacks de Fall ass, huet d’Bezéiung net gehalen. Frënn sinn se trotzdeem bliwwen, an dat souguer no der High School Zäit, wou béid scho mat anere Partner liéiert waren.

Wéi d’Frënn an hire Mëtt 30er allen zwee eng Scheedung hannert sech haten an de Kontakt ëmmer nach net ofgebrach war, ass hinnen d’Iddi komm e Pakt ze schléissen. Falls se mat iwwer 50 Joer alle béid ëmmer nach sollte Single sinn, géifen se sech bestueden. Wat ufanks e net esou wierklech romantesche Geck war, ass spéider awer Realitéit ginn.

Op d’Fro 'Erënners du dech nach un dee blöde Pakt dee mer geschloss haten' war d’Äntwert vum Palmer ganz kloer: Jo. Genee esou wéi spéiderhin dem Dean seng Äntwert op d’Fro 'wëlls du mech bestueden?'.

Läscht Woch hunn de mëttlerweil 54 Järegen an di 51 Järeg hiert Verspriechen dunn endlech ageléist a bewisen dat aus Léift ka Frëndschaft ginn, an aus Frëndschaft Léift.