An hei?!‘Schwanger’ mat engem Tëntefësch

Eng Südkoreanerin gouf duerch d‘Iessen vun enger lokaler Fëschspezialitéit befrucht.

Leschten Update: 13.06.2018, 08:00:04

© www.pixabay.com

Wärend der Molzëscht vun engem Tëntefësch-Plat, soll eng 63 Joer al Südkoreanerin bemol Péng am Mond verspiert hunn. D’Brennen hätt net nogelooss, doropshin wier d’Fra an d’Spidol gefuer. Do hätten d'Dokteren dunn eng eekleg Entdeckung gemaach: Un hirem Zännfleesch, der Zong an de Baken haten sech eng Dose kleng wäisser Käferaarteg Kreaturen agenist. Spezialiste hätte festgestallt: D’Cliente hat duerch d’Iessen aktiven Tëntefësch-Sperma zou sech geholl. Dem Todarodes Pacifius, wéi sech dës Zort nennt, war et gelongen d’Mondhöl vun der Fra ze "befruchten", esou stéing et am "Journal of Parasitology" (2012), schreift ënnert anerem "The Sun".

Esou Fäll kéimen an Asien wuel méi dacks vir well de Genoss vu réiem oder hallef-réiem Fësch Tëntefësch do immens beléift ass. Wéi et den Deiere genee geléngt sech an de mënschleche Schläimhait anzenisten ass net gewosst.

Op een dat dann och wierklech wësse wëll ass di aner Fro.