An hei?!E Wäschbier um Héichhaus

Zwee Deeg laang war e Wäschbier an den USA op Kloter-Missioun.

Leschten Update: 14.06.2018, 10:29:01

© Pexels

An der Nuecht vum Méinden op en Dënschden huet fir e Wäschbier aus dem Bundesstaat Minnesota eng Aventure ugefaangen. D'Déier huet probéiert d’Fassade vun engem Héichhaus eropzekloteren, a mat e puer Pausen dotëscht hat de Wäschbier et schlussendlech bis op den 20. Stack gepackt. Domat huet en zwar fir allerlee Opreegung an Erstaune bei den Awunner gesuergt, de Grond war awer wahrscheinlech éischter een trauregen. Eng Aarbechterin vum 'Minnesota Department of Natural Ressources' geet dovun aus dass de klenge 'Abenteurer' sech duerch seng Kloter-Aktioun versicht huet virum Kaméidi vun der Groussstad ze retten. Aus Angscht wär e wuel sengem Instinkt nogaangen an einfach irgendwou sou wäit erop geklomme wéi méiglech.



Dem Wäschbier, deen um Wee no uewen natierlech keen Iessen a Waasser zu Verfügung stoen hat, sollt esou séier wéi méiglech gehollef ginn. Ufanks gouf probéiert d'Déier mat enger Ramp zréck op de Buedem ze kréien, virun där Iddi ass de klenge Bier awer séier geflücht. An engem zweete Versuch goufen dunn Doft-Stoffer fräigesat fir en ze animéiere méi séier op den Daach ze kloteren. Mëttwochmoies war et dunn esou wäit an de Wäschbier, och nach Spider Raccoon (Spannen-Wäschbier) genannt, ass uewen ukomm. Do gouf en du vun engem Veterinär an engem ganze Koup Fudder begréisst.


Och wann den Ausléiser en traurege war: De Wäschbier ass zu engem richtegen Internetstar ginn, deem seng Aventure vu ville Notzer ënnert dem Hashtag #mprracoon verfollegt gouf. Eppes Guddes hat et awer: De 'Guardians of the Galaxy' Regisseur huet iwwer Twitter annoncéiert en Don vun 1000 Euro un eng Organisatioun ze spenden, déi sech fir d’Rettung vu Wäschbieren asetzt.