An hei?!Koppel fënnt bei Renovéierung e Message hannert Tapéit

A Kalifornien hunn den Alex a Jess Monney e Message hannert der Buedzëmmertapéit fonnt. De Message ass vum Locataire vu virun 23 Joer.

Leschten Update: 09.07.2018, 05:57:49

© Eldo Archives

Beim Renovéiere vum Buedzëmmer ass der amerikanescher Koppel eppes an d'Ae gesprongen.

Hannert der Tapéit hunn se nämlech e Message vum Locataire vu virdru fonnt. Dëse Message ass 23 Joer al!

Op der Foto gesäit een d'Koppel Shinseki déi am Summer 1995 d'Buedzëmmer renovéiert hunn.

Op dëser Foto steet och eppes: "Hey! Mer sinn d'Shinsekis! Mer hunn dës Buedzëmmer am Summer 1995 renovéiert. Wann s de dat heite lies, da bedeit dat, dass du och d'Buedzëmmer renovéiers. Wat hu mir falsch gemaach?!?!?"

Drënner ass eng aner Foto mat enger Kanéngchen.

De Saz well heeschen: "Hey! Ech sinn d'Cassie, d'Kanéngchen. Ech hunn och hei gelieft (Ech si propper!)."

Den Aarbechter deen d'Fotoen entdeckt huet, huet eng Foto u de Mann vu der Koppel geschéckt.

Doropshin huet den Alex d'Foto op Twitter eropgelueden. Och op Reddit gouf d'Foto gepost.

D'Sich no de fréiere Locatairen huet domadder ugefaangen.

Op Twitter waren d'User allerdéngs méi séier. E Mann mam Numm Ray Shinseki huet ënnert dem Post kommentéiert datt dës säi jéngste Brudder wier.



De Fall war geléist an d'Sich eriwwer. Den Alex huet doropshin de Post geläscht.