An hei?!50 Euro Strof wéinst Mëttelfanger-Emoji

En Éisträicher reagéiert online mat engem obszönen Emoji op eng Radarkontroll a gëtt dowéinst geklaakt.

Leschten Update: 10.07.2018, 10:26:39

De Christoph H. aus Éisträich ass viru puer Wochen an eng Vitesse Kontroll geroden. Sengem Ierger huet en kuerz drop an engem Facebook-Post an enger ëffentlecher Grupp, an deenen sech Memberen iwwer Police Kontrollen austauschen, fräie Laf gelooss. Do huet hien ënnert anerem mat engem Mëttelfanger-Emoji, deen a Richtung vun engem kontrolléierende Polizist weist, kommentéiert.

Dëse klengen Emoji huet elo awer Konsequenzen: Mam obszöne Posting huet de Christoph H. d’Police ëffentlech beleidegt a verstéisst soumat géint d’Gesetz. Begrënnt gëtt d’50 Euro Strof domat dat den Éisträicher a sengem Kommentar d’Wuert "du" benotzt a seng Beleidegung soumat als perséinlechen Ugrëff géint e bestëmmte Beamte gëllt.

Agesinn dat hien sech an der 6000 Memberen-Grupp falsch verhalen huet, mécht de Christoph H. awer net: Hien gesäit net an dat dëst als Ëffentlechkeet gëllt a weigert sech, elo mol nach, d'Strof ze bezuelen.