An hei?!Beim Alkoholtest an den Handy geblosen

En 18 Joer ale Mann hat wuel bëssen ze déif an d’Glas gekuckt, wéi hie beim Alkoholtest amplaz an d’Rouer, a säi Smartphone geblosen huet...

Leschten Update: 12.07.2018, 09:42:16

© Pixabay

Zu Schleswig-Holstein, ass Passanten en offensichtlech alkoholiséierte Jugendlechen op der Strooss opgefall. Den 18 Joer ale Jong ass iwwert den Trottoir getrollt, wéi hie per Zoufall vun enger Ambulanz entdeckt gouf.

Wéi d’Police bis op der Plaz war, hat de Rettungsdéngscht sech schonn em de Patient gekëmmert. D’Polizisten hunn dem Mann virgeschloen en fräiwëllegen Alkoholtest ze maachen, wéi et schéngt war den Typ awer méi schlecht drun wéi ufanks geduecht...

Amplaz an d’Otemgerät ze blosen, huet de jonken Här puer mol a säi Smartphone geblosen, wat natierlech zu kengem Resultat gefouert huet...

Schlussendlech konnt dann awer en richtegen Alkoholtest duerchgefouert ginn, woubäi erauskoum datt den Alkoholiséierten iwwert 2 Promill Alkohol am Blutt hat! Hien gouf uschléissend an d’Ophutt vu sengen Eltere ginn, déi sech em hie gekëmmert hunn.