An hei?!Mann brécht an en Escape-Room an a kënnt net méi eraus

E kriminellt Drama an 3 Akten…

Leschten Update: 11.07.2018, 16:24:34

An engem Escape Room fest ze stiechen, dat ass fir vill Leit eng schrecklech Virstellung. Wann et allerdéngs engem Kriminelle passéiert deen sech illegal Zougang dozou verschaaft huet, hält sech d’Matleed a Grenzen.

Zu Vancouver, Washington, ass et engem Abriecher genee sou ergaangen, an dat an 3 Akten:

Fir d’éischt huet hie probéiert duerch déi hënnescht Dier eranzekommen. Dës gouf zwar am Versuch schwéier beschiedegt, Zougang konnt e sech duerch de Flucht-Beräich awer net verschaaffen.

Réischt beim zweeten Ulaf, duerch den Elektroraum huet en e Wee era fonnt. An enger Case louch e Schlëssel fir d’Gebai, mat deem hien d’Entrée ganz einfach erreeche konnt. Bannen ukomm huet den Abriecher mam Schlëssel déi Dier opgemaach, déi di zwee Rätsel-Raim verbënnt. Do ukomm huet en ëm sech geschlo a war net méi an der Lag sech selwer ze befreien.

Schlussendlech huet hie missen d’Police ruffen an no Hëllef froen. Eng gutt Erklärung hat en dunn awer natierlech och: A sengem eegenen Haus waren, dem Kriminellen no, selwer Abriecher virun deenen hien sech am Escape Room verstoppe wollt. Blöd just dat en dës Theorie net beweise konnt, an duerno ganz frech wieder gelunn huet: Esou soll alles just en onglécklechen Zoufall gewiescht sinn.

D’Cheffin vum Erliefnis-Raum hëlt et mat Humor, ëmmerhin ass dës skurril Geschicht de beschte Beweis dofir dat hiren Escape Room net innerhalb vu Sekonne ka geléist ginn. Op eng besser Publicitéit hätt d'Geschäft net kënnen hoffen.