An hei?!XXL Avocado aus Australien: Avozilla

Down Under gëtt et eng nei Avocado-Zort, an déi ka bis zu 1,8 Kilo wéien!

Leschten Update: 12.07.2018, 13:00:45

© Pixabay

En neien Australesche Food-Trend huet d’Avocado revolutionéiert: d’Avozilla ass eng 1,8 Kilo Versioun vun der albekannter a beléifter Avocado. Dës XXL Fruucht ass em déi 5-mol méi grouss wei déi normal Zort a gëtt op enger extra dofir ugeluechter Farm geziicht.

Den Australeschen Avozilla-Haff gëtt vum David Groves a senger Famill bedriwwen an huet bis ewell grousse Succès. Déi éischt 400 Exemplare waren innerhalb vu kuerzer Zäit schonn ausverkaaft. Fir de Präis vun 12 Dollar pro Stéck, mussen d’Avozillae momentan virbestallt ginn.


Aplaz 2 oder 3 Avocadoe kafen ze mussen, kéint een also locker mat enger Avozilla duerch d’Woch kommen!