An hei?!Kleng Pann mam Fändel

Frankräich feiert säin Nationalfeierdag. Bei engem Formatiounsfliger iwwert de Champs-Elysées huet d'Faarf awer net ganz gepasst...Rout, Blo, Wäiss, Rout?!

Leschten Update: 14.07.2018, 19:10:38

© LUDOVIC MARIN / AFP

Bei der traditioneller Militärparade fir de franséischen Nationalfeierdag, ass um 14. Juli déi eng oder aner Saach schif gaangen...

De franséische President Emmanuel Macron huet misste mat nokucke wéi d’franséisch Kampfjet'en sech bei der Faarf geiert hunn. Normalerweis missten d’Faarwe Blo-Wäiss-Rout ganz däitlech z’erkenne sinn. Dat war awer net de Fall. Do hat een sech geiert, an esou huet de franséische Fändel mat enger rouder Sträif ugefaangen, an da réischt Blo-Wäiss-Rout.

Dat war awer net déi eenzeg Pann bei der Parade. Och am Cortège vun de Motoe koum et zu engem “Blooper”, wéi sech zwee Motocyclisten ze pake kruten an déi zwee säitlech op de Buedem gefall sinn. An dat, virun den Ae vum Emmanuel Macron a senge Gäscht...