An hei?!Prisong oder fräiloossen? – Police geheit eng Mënz

An den USA waren zwou Polizistinnen sech net sécher op protokolléieren oder inhaftéieren, Kapp oder Zuel sollt entscheeden…

Leschten Update: 16.07.2018, 09:38:43

© Pexels

D‘Aufgaab vun der Police ass et fir Sécherheet an Uerdnung ze suergen, ganz nom Prinzip: wien illegal handelt, dee gëtt bestrooft. Wat sech an der Theorie ganz simpel unhéiert, ass an der Praxis awer net ëmmer esou einfach.

An den USA missten zwou Polizistinnen am Abrëll eng Entscheedung treffen. Si haten eng Fra dobäi erwëscht, déi op  naasser Strooss ganzer 130 km/h ënnerwee war. Wat eigentlech e klore Fall vun ze séierem Fueren ass, wat mat enger säfteger Geldstrof misst protokolléiert ginn, huet sech fir déi zwee Beamten als net esou einfach erausgestallt. Si hu, mat enger App um Smartphone, eng Mënz geheit a fest geluecht: bei Kapp gëtt d’Fra verhaft, bei Zuel fräigelooss.

Am Endeffekt hunn déi zwee sech zwar net doru gehale mee de Mënz-Worf, deen elo per Video, un d’Ëffentlechkeet geroden ass, soll trotzdeem Konsequenzen hunn. Vill Leit hunn net nëmmen d’Glécksspill als inkompetent empfonnt, och den Entschloss d’Fra wéinst ze héijer Vitesse direkt ze inhaftéieren ass net gutt ukomm. Wéi d’"Roswell Police Department" elo annoncéiert huet gëtt eng intern Ënnersichung lancéiert.

Kuckt Iech hei de Video un!