An hei?!Paräis feiert WM-Titel mat ëmbenannte Metro-Statiounen

Aus "Charles De Gaulle – Etoile" gëtt "On a 2 Etoiles"...

Leschten Update: 17.07.2018, 12:24:27

© Bertrand GUAY / AFP

Frankräich ass no der WM-Victoire géint Kroatien am Party-Modus. Net nëmmen op de Stroossen a Frankräich gëtt gefeiert, och ënnerierdesch spiert een den Titel-Gewënn - D’Paräisser-Metroen hu kuerzerhand d’Statiounen, dem Futtball entspriechend, ëmbenannt.



Esou ass aus "Notre-Dame-des-Champs" kuerzfristeg "Notre Didier Deschamps" ginn, dat als Hommage un de Nationaltrainer Didier Deschamps. Och den National-Goalkipp Hugo Lloris dierf sech iwwer eng Éierung freeën: D’Statioun "Victor Hugo" heescht ab elo nämlech "Victor Hugo Lloris".



No de Meldunge vu Chaos a Verwüstung, ausgeléist duerch franséisch Fans, ass dat doten op alle Fall eng angenehm Iwwerraschung. Op Nimm vun de Spiller déi dobäi gesat goufen oder clever agesate Wuertspiller, domat beweist Frankräich net nëmmen Passioun fir d’Sportaart mee ausserdeem eng gutt Portioun Humor.