
© Youtube Screenshot
De Futtball-Sport gëtt dacks kritiséiert wéinst ze ville Schwalben. Beim Match F91 Diddeleng géint de Videoton FC aus Ungarn huet de Schiidsriichter awer mol eng Kéier net missen op de Videobeweis zréckgräifen.
An der Qualifikatiounsronn vun der Champions League stoungen sech gëschter, op engem Dënschden, de lëtzebuergeschen F91 Diddeleng an den ungaresche Videoton FC géigeniwwer. An der Nospillzäit wou et 2 zu 1 fir Ungarn stoung, huet den Diddelenger Bryan Mélisse fir eng Iwwerraschung gesuergt, allerdéngs keng positiv. Wéi hien de Ball kicke wollt, koum him e Géigespiller entgéint: Kuerzerhand huet hien säin zweet Been dobäi geholl an ass der Nummer 17 mat voller Wucht an de Bauch gesprongen.
Dëse Stunt huet net nëmme spektakulär ausgesinn, e gouf och belount, an zwar mat enger rouder Kaart.
Schlussendlech ass et dunn beim 2 zu 1 fir Vidi bliwwen.