
© Facebook Screenshot / Cape May Police Department
Am Bundesstaat New Jersey hat e Mops sech duerch d’Bascht gemaach. Kuerz drop gouf e vun der Police opgegraff wéi en duerch de Gaart vu frieme Leit gelaf war. An e Privat-Grondstéck abriechen, dat ass natierlech verbueden, a sou gouf den Hond mat op de Police-Büro geholl.
Op der Sich nom Besëtzer hunn d’Beamten, wéi dat bei Police-Fotoen üblech ass, e Mug-Shot vum Mupp sengem Gesiicht gemaach. Dës Foto gouf vum "Cape May Police Department" op de sozialen Netzwierker publizéiert an ass kuerz drop em d’Welt gaangen.
Déi gutt Noriicht: de Besëtzer huet sech gemellt an säin Hond, Bean, koum géint eng Kautioun fräi. D’Kautioun gouf natierlech a Form vu Leckerlien hannerluecht.