An hei?!32 Kilometer zu Fouss op d’Aarbecht

Fir den éischten Dag net ze spéit ze kommen huet en US-Amerikaner sech matten an der Nuecht op e 7 Stonne Wee gemaach.

Leschten Update: 20.07.2018, 17:25:28

© Pexels

Ausgerechent um Owend viru sengem éischten Aarbechtsdag ass dem Walter Carr säin Auto net méi ugaangen. Ze spéit kommen an e schlechten Androck maachen ass natierlech keng Optioun, dowéinst huet hien bei Frënn nogefrot wien en Moies op d’Aarbecht feiere kéint. Wéi kloer war datt e kee géif fannen deen Zäit hätt, huet e kuerzerhand beschloss d’Féiss selwer an de Grapp ze huelen.

20 Meilen, also 32 Kilometer an ëmgerechent 7 Stonne Fousswee, sinn et vu sengem Doheem, Homewood, bis bei d’Plënnerfirma zu Pelham. Fir mat Zäiten unzekommen huet de Walter sech also matten an der Nuecht op de Wee gemaach. No 14 Meilen, an um 4 Auer Moies, vu Polizisten ugehale ginn. Wéi hien hinnen erkläert huet wouhin en ënnerwee war, hunn se hien e Stéck mam Auto matgeholl, em eppes z iesse ginn an em eng Paus un d’Häerz geluecht.



Duerno wollt en déi reschtlech 4 Meilen zwar zu Fouss goen, gouf awer nees vun der Police ugehalen. Déi gouf extra geschéckt fir de Mann sécher a mat Zäit u säin Zil ze bréngen. An dat hunn se gemaach: Virun der Dier vum Jenny Lamey, wat deen Dag plënnere wollt, gouf e erausgelooss an huet do op seng Aarbechtskollege gewaart. D’Jenny war esou beréiert vun der Geschicht datt hat se op Facebook gedeelt huet.

Dëse Post huet schlussendlech och de Luke Marklin, CEO vum Walter senger neier Aarbechtsplaz, erreecht. Deen war esou beandrockt vum neien Aarbechter datt en him säin eegenen Auto geschenkt huet.





Wann dat net emol Asaz ass...