
© AFP/Nicholas Kamm
Den US-President ass Affer vun enger sougenannter "Google-Bomm" ginn. Als Google-Bomm bezeechent een d'Manipulatioun vun der Sichmaschinn. Deemno gouf de Begrëff "Idiot" mat Fotoe vum Donald Trump vernetzt. Wien dohannert stécht, ass net gewosst.
Verschidde Medie ginn awer dovunner aus, datt et eppes mat der Campagne ze dinn huet, déi de Song "American Idiot" vu Green Day op d'Nummer 1 vun de briteschen Charts wollt kréien - op deem Dag, op deem de President op Staatsvisite zu London war.
Ob Google eppes ënnerhëlt, ass net gewosst. Et war awer net déi 1. Kéier, datt de Site vu Google manipuléiert gouf. Am Dezember 2003 gouf och den deemolegen US-President George W. Bush Affer vun enger Google-Bomm: Wann een "miserable failure" aginn huet, koum een op de Site vum Bush op der Homepage vum Wäissen Haus...