
© Screenshot Twitter Middle East Eye
D’Stad Brummana am Libanon ass bekannt fir hir Architektur, gutt Iessen an eng wonnerschéi Lag, genee dowéinst ass et och e beléiftent Tourismus-Zil. Trotzdeem léisst deen a leschter Zäit no well de Noen Oste kee gutt Image bei westleche Reesender huet.
Fir dat ze änneren, huet de Buergermeeschter vu Brummana, de Pierre Achkar, sech eppes innovatives, wann och zweifelhaftes, afale gelooss. De Verkéier gëtt dohannen elo vu Fraen an Hotpants gereegelt a soll esou e méi attraktiivt Bild vun der Stad ofginn.
A city in Lebanon put policewomen in shorts so they could "attract" Western tourists pic.twitter.com/JtSIkT2096
— Middle East Eye (@MiddleEastEye) 28. Juni 2018
Photos- Brummana,Lebanon,June 27, 2018
— Beirut Mugharid (@BeirutMugharid) 28. Juni 2018
Lebanese university students wearing municipality police costume regulates the traffic in the village of Brummana, east of Beirut, Lebanon, 27 June 2018 pic.twitter.com/VrdXOHEWNc
Déi sexy Verkéierspolizistinnen hunn awer natierlech fir vill Opreegung am Netz gesuergt. Op Twitter ass direkt protestéiert ginn datt d’Outfits d'Fraen op hire Kierper reduzéieren an di ganz Iddi sexistesch wär.
So it is neither discrimination nor gender exploitation of women, because these women are being used to attract westerners. What a dirty thinking about women..
— Habib (@Habib49462621) 28. Juni 2018
Next step put red swimming suits like baywatch to attract American tourists 🙄😆
— Hani Amra (@Hani_Amra) 29. Juni 2018
D’Studentinnen déi sech fräiwëlleg op de Poste gemellt hunn, genee sou wéi de Buergermeeschter, gesinn d’Aktioun net als diskriminéierend mee reng als Job, respektiv als Touristen-Attraktioun. Verschidde Leit froe sech awer firwat just d'Fraen heifir ausgenotzt ginn, ëmmerhin ginn et jo net just männlech Touristen déi een unzeien wéilt.
No attempt to attract western women?
— इलरिया प्रान्जिनि (@IlariaMe) 29. Juni 2018
Op dës Aktioun dann elo wierklech fir e méi oppent a frëndlecht Bild vum Libanon suergt oder verschidde Clichéen erfëllt, dat sief mol dohi gestallt.