An hei?!Dj geet wéinst Danz-Moves viral

E Video vun engem Dj mécht am Internet seng Ronnen, awer net wéinst der Musek...

Leschten Update: 23.07.2018, 16:38:45

© Facebook Screenshot / Essential Music

Den éischte Weekend vum Tomorrowland Festival ass eriwwer, scho geet e Video vun engem Dj duerch d'Welt. Normalerweis punkt de Festival mat Star-Djen an hire Sets, bei deem heiten Optrëtt muss ee sech awer froen op et sech net éischter em eng Komedie-Show handelt.

Am Video gesäit een den DJ Salvator Ganacci geckeg danzen a Blödsinn maachen. Wärend di eng den onkonventionellen DJ feieren, reegen di aner sech driwwer op datt hien d'EDM Zeen an d'Lächerlecht géif zeien, respektiv anere seriöen Djen eng Chance géif klauen.





Sou oder sou, international bekannt ginn ass e mat senger bëssen anerer Performance op alle Fall.