An hei?!Japanesch Mark boykottéiert Kleedergréissten

"Zozosuit": E Mooss-Apparat entwéckelt sech zum Instagram-Star...

Leschten Update: 25.07.2018, 14:31:38

© Instagram Screenshot / raimu2017.7.11

Wien am Buttek oder online Kleeder shoppt muss sech meeschtens u Standard Gréisste wéi xs, s, m, l an xl halen. Jidderee weess wat em ongeféier passt a wéi eng Gréisst déi richteg ass, mee all Kierper ass ënnerschiddlech, an esou variéiert och d'Passform. Déi méi fein kierperlech Ënnerscheeder ginn hei ignoréiert a soumat passen d’Kleedungsstécker vun der Staang seelen zu 100%.

Dëse Problem huet och "Zozotown", e japaneschen Online-Shop fir Moud erkannt a mam Launch vun hirer neier Mark "Zozo" eng Léisung gesicht. Déi kënnt a Form vun engem spezielle Ganzkierper-Kostüm deen een, géint Bores natierlech, beim Label bestelle muss.

やっと届きましたぜ!! #zozotown #zozosuit #zozosuit届いた

A post shared by Hiroki Watari (@norukiya0521) on



Op den éischte Bléck gesäit en aus wéi e gewéinlechen "Onesie". Mat sengen 150 bis 300 Sensoren, déi wéi gewéinlech Punkten ausgesinn, verméisst en awer ganz niewebäi, a ganz akkurat, dem Träger seng Gréisst. Eng App um Smartphone späichert doropshin d’Informatiounen a scheckt se mat der nächster Bestellung fort.

. やっとZOZOスーツきた♡ リアルな数字w 腕の長さ気になるw 左右違うし、太さもだいぶ違うけど..... 着方の問題かな? そうであってほしいw でも他はほぼ測定どおり!身長も体重もドンピシャ😲 スゴイ👏✨ 着心地も悪くない☺️ . 痩せなきゃww . . . . #パーソナルトレーニング #宅トレ #自分磨き #食べて痩せる #カロリー制限 #レコーディングダイエット #腹筋割りたい女子 #プロテイン #タンパク質 #痩せたい #ボディメイク #有酸素運動 #自分を好きになりたい #公開ダイエット #ママダイエッター #ダイエット仲間募集 #ダイエッターさんと繋がりたい #154㎝ #筋力アップ #停滞期 #継続は力なり #再スタート #目標49キロ #zozosuit #zozoスーツ

A post shared by ライム (@raimu2017.7.11) on



Esou, heescht et, dat d’Kleeder ëmmer exakt op déi individuell Proportiounen zougeschneidert sinn an ee sech keng Suergen em d’Passform misst maachen.

De Grënner an CEO vu "Zozotown" wëll eegenen Aussoen no eng Gréissten-fräi Welt erschaffen. Datt d‘Miess-Gerät selwer Trend gëtt domat hat d’Firma wuel net gerechent. Aplaz de Kostüm fir weider Bestellungen ze notze fotograféieren sech d’Keefer doran an deelen ënnert dem Hashtag #zozosuit hir Begeeschterung op Instagram.






Op den Trend, sief dat als Kleedungsstéck oder Miessgerät, sech och ausserhalb vu Japan duerchsetze ka bleift ofzewaarden.