An hei?!MAXDONNA - en Hond op de Spuere vum Madonna!

De franséische Fotograf Vincent Flouret stellt Zeenen aus dem Madonna senge Video-Clips no an dëst mat sengem Hond Max!

Leschten Update: 30.07.2018, 11:12:12

© https://www.instagram.com/max_et_vincent/

De franséische Fotograf Vincent Flouret ass grousse Madonna Fan, wouropshin hien op d'Iddi komm ass fir mat sengem Hond, dem Max Zeenen aus Clips oder CD-Covere vun der Sängerin Madonna nozestellen. Säi Projet nennt hien no sengem Hond an nom Madonna ganz einfach: Maxdonna! Wochelaang gewinnt hie säin Hond un déi nei Accessoiren éiert hien d'Fotoe mécht. Esou ass zB den Hutt fir den Hond ewéi eng ganz normal Spillsaach. De Gewënn vu senge Fotoen déi hie vu sengem Projet "Maxdonna" verkeeft, spent hie komplett un d'Hëllefsorganisatioun vum Madonna, déi sech em Weesekanner am Malawi këmmert! Och d'Madonna ass schonn op dëse Projet opmierksam ginn an huet och op sengem Instagram-Account eng Foto vum Fotograf gedeelt!

#othermood

A post shared by Madonna (@madonna) on