An hei?!Mann fiert plakeg um Vëlo a gëtt geblëtzt!

Zu Kiel an Däitschland fiert e Mann Owes plakeg um Vëlo a gëtt mat 47 Stonnekilometer an enger 30er Zone geblëtzt!

Leschten Update: 30.07.2018, 14:18:27

© www.pexels.com

Dass d'Hëtzt den Ament net gutt auszehalen ass, ass jo evident! Trotzdeem soll ee léiwer op liicht Kleeder zréckgräifen, ewéi op guer keng Kleeder. E Mann zu Kiel huet sech leider trotzdeem fir d'Optioun Nummer 2 entscheet a gouf plakeg um Vëlo erwëscht! (Naja, net ganz plakeg, schliisslech hat hien nach Strëmp a Schong un!) Dëst well hien an enger 30er Zone mat 47 Stonnekilometer mat sengem Vëlo geblëtzt gouf. Dobäi ass dunn dës skurril Foto entstanen, wou een de Mann plakeg op sengem Vëlo gesäit... De Mann misst u sech e Protokoll vu 25 Euro wéinst ze héijer Vitesse bezuelen. Well d'Police awer keng Adresse vum Mann um Vëlo huet, kënne se dëse leider net heemschécken!
© Landeshauptstadt Kiel